Fënsteren + Rollluëden an Raffstoren

Een klengt Beispill vun 1-fliggeleg Fënsteren

Mir bidden Ierch eng ganz Palette un Fënsterarten, wéi z.B. 1- oder 2-fliggeleg Fënsteren, eenzel an duebel Fënsterdieren, Schiebeelementer an Daachfënsteren.

Dir kënnt aus folgend Materialer auswielen: PVC-, Alu-PVC-, Alu-Holz- an komplett Alu-Fënsteren. Genau sou wéi duebel oder dräifach Verglasung an nei am Programm och Fënsteren fir Passivheiser.

Zu den Fënsteren kennt dir Iech déi passend Rolllueden oder Raffstoren auswielen.

Natierlëch hun mir och déi passend Alu-Fënsterbänk vir baussen, wann dir Iech awer vir een annert Material entscheed hutt kennen mir gaer weider hëllefen

Fir Iech géint Insekten ze schützen hun mir och Mëckengitter déi an der Rollluedenkescht sin oder Gitter déi permanent op der Fënster sin, déi een awer zu all Zeit weg huelen kann.

Duerch eisen Partner fir d'Produktioun vun eisen Fënsteren, deen seit 100 Joër an Däitschland besteht, bidden mir Iech Qualitativ an Sëcher Fensteren un.

 

 

 

Fënsteren an Aluminiumoptik sin momentan voll am Trend. Dës kritt een an allerlee Faarwen, sou dat baal keng Wënsch on-erfëllt bleiwen.

Schiebeelement mat den passenden Rolllueden

Sëcherheet

 Anbrochschutz muss beim Fënsterkaaf onbedengt berücksichtegt gin, an der Mehrheet vun        Anbrochsdelikter drengen d`Täter durch d`Fënster an.  D`Anbriecher huelen sech alles, nëmmen keng Zeit. Dohier zielt all Minute, di d`Fenster engem Anbrochsversuch standhält. Bewisen ass datt den Täter schons no puer Minuten opgëtt. Eis Fënsteren mat Mëttelstegsystem  "safetec inside" verfügen iwert een rondrem verlaafenden Steg bannen an der Rumm. Desen vereitelt all Versuch, d`Fënster séier mat engem Schrauwenzéier opzehewelen.

Schéin déif Loft huelen: Mat safetec inside hutt dir Iech fir die bescht Sëcherheetskomponente an der  Fënsterrumm entscheed. Mir berooden Iech gaer iwer weider Sicherheetskomponenten wéi Bëschléi an Glas.